Wee mär sinn

D’Amis de l’histoire et du musée de la ville d’Esch-sur-Alzette (AHME) goufen den 9. Abrëll 1963 gegrënnt.

De But vun dësem Veräin ass et :

Dokumenter an Objeten déi am Bezuch zur Geschicht vum Eisen an zur Geschicht vun der Stad an Ëmgéigend stinn, ze sammelen an ze dokumentéieren.
Zur Beräicherung vum Musée bäizedroen
D’Gesellschaft a besonnesch déi Jonk un der Geschicht z'interresséieren
Dës Ziler sollen duerch Konferenzen, Visitten an Publikatiounen erreecht ginn
 

Nodeems den Escher Lokalmusée an den 90er Joren zougemaach gouf sëtzt sech de Veräin och dofir an, dass d’Stad Esch erëm e Musée kritt.

 

Den aktuelle Comité:



Biltgen Laurent (Sekretär)

Bruch Gaby

Colling-Kerg Vanna

Hansen Brenda

Muller Anna

Muller Christian (Trésorier)

Reding Jeff

Schaack Marc (Präsident)

Weber Benny 

Wies Line (Vice-Présidente)

 

D’Stad Esch am Joer 1570 aus dem Buch: La Ville d’Esch de 1839 à 1939. Centenaire de l’Indépendance.Esch-sur-Alzette, imprimerie coopérative, 1940